top of page
Emering Luca, Grënner vun Emering Creations

Iwwert Mech

Wëllkomm bei Emering Creations, wou Kreativitéit an Innovatioun zesummekommen an der Welt vum visuelle Storytelling. Ech sinn de Luca Emering, de Grënner an d’kreativ Kraaft hannert dëser Firma. Mat engem Bachelordiplom a Mediemanagement a Joren u praktescher Erfarung kombinéieren ech a menger Aarbescht, akademesch Expertise mat prakteschem Wëssen.

​

  • Offizielle Member vun der Fédération des Artisans

  • Offizielle Member vun der Fédération des Photographes Professionnels

​

Meng Missioun
An enger Welt, déi sech ëmmer méi séier entwéckelt, weess ech, wéi wichteg staark visuell Inhalter fir d’Markenidentitéit sinn. Meng Missioun ass et, äre Betrib ze ënnerstëtzen andeems ech héichqualitativ Fotoen, spannend Videoen an innovativ digital Produkter liwweren. Ech si fest dovun iwwerzeegt, datt all Firma d’Méiglechkeet huet, e laangfristegen Androck mat faszinéierende visuellen Inhalter ze hannerloossen.

​

Meng Qualitéiten
Erfahrung: Mat ville Joren u praktescher Erfahrung hunn ech d’Wëssen a Fäegkeeten, fir all Projet ze meeschteren. Als solo Entrepreneur ass et mäin Zil, meng Fäegkeeten stänneg ze verbesseren, fir iech déi bescht visuell Léisunge kënnen unzebidden.

​

Innovatioun: Fir an der digitaler Welt ëmmer ee Schratt viraus ze bleiwen, ass Innovatioun de Schlëssel. Ech suerge dofir, datt är Mark ëmmer frësch, aktuell a visuell faszinéierend ass.

​

Personaliséiert Léisungen: All Betrib ass anescht, a genau dofir bidden ech personaliséiert Léisungen un, déi genee op är Besoinen an Ziler ugepasst sinn. Vun der éischter Iddi bis zur finaler Ëmsetzung schaffen ech enk mat iech zesummen, fir äre Projet zum Liewen ze bréngen.

bottom of page